Langues / Sprachen

GV + Scheckiwerreechung

GV & Scheckiwerreechung

Am Kader vun der Generalversammlung huet d'Chorale Berdorf-Consdorf e Scheck vun 1000€ un d'Fondatioun "Wonschstär" iwwerreecht. Dës Zomm ass d'Resultat vun der Quête nom Chrëschconcert ufangs 2024 an der Kierch zu Bäertref.

D'Madamm Nicole Greiwelding aus dem Verwaltunsrot vu "Wonschstär" huet is en interessanten an opschlossräichen Abléck an hir villsäiteg Aktivitéite ginn. "Wonschstär" huet sech zum Ziel gesat, Kanner an Erwuessener ze hëllefen, deenen hiert alldeeglecht Liewen duerch Krankheet oder Behënnerung belaascht gëtt an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn en Häerzenswonsch ze erliewen. Och net rembourséiert matériell Hëllef, déi hiert Liewe vereinfacht, kënnt deene Persounen zegutt.

Bäi enger gutt besichter Versammlung hunn d'Vertrieder vun deenen zwou Gemengen an der Kierch, ënnerstëtzend Wierder fonnt déi is Courage gemaach hunn, och wann d'Keesen, duerch déi verschidde Festivitéiten an Optrëtter en Defizit opweisen.

Bäi engem gemittleche Patt a klénge Maufel am ston ass sech nach vill verzielt ginn a verschidden Iddien sen ausgetosch ginn.

Fot: M-P Purraye-Wewer / Text CBC

 

**Joomla!-Debug-Konsole**

**Sitzung**

**Profil zum Laufzeitverhalten**

**Speichernutzung**

**Datenbankabfragen**

**Fehler in den Sprachdateien analysieren**

**Geladene Sprachdateien**

**Nicht übersetzte Sprachstrings**