Langues / Sprachen

Chorale Consdorf - Historique

2012 huet d’Chorale Consdorf hiren 100ten Anniversaire gefeiert, mat enger ganzer Rëtsch vu flotten Concerten. Héichpunkt waren 2 Opféierunge vu Carmina Burana zu Konsdref an dat an Zesummenaarbecht mat befrënten Ensemblen.

De Veräi gouf offiziell 1912 ënnert dem Numm “Société Chorale“ gegrënnt. Deen huet, wéi dat an der der Zäit Usus war, ausschliesslech aus Männer bestanen. Ëm d’Jar 1960 gouf de Gesankveräin ëmbenannt an "Chorale Sainte Cécile“.

Am Jar 1955 hunn e puer Dammen per Bréif héiflech un d’Dier vun deem “Männerclub“ ugeklappt, fir och däerfe matzesangen. Mä et huet awer bis 1964 gedauert, bis d’Dammen als gläichwäerteg Membere vun de Männer acceptéiert goufen. Souguer am Comité waren si vun elo un vertrueden. Haut muss ee soen: Gott sei Dank, datt dee Schrëtt deemools gemaach gouf.

D’Chorale ass aktiv an de Sonndesmassen a bäi kierchlechen a weltleche Feierlechkeeten an ass och do, wa si fir Hochzäits- a Begriefnesmass gefrot gëtt. D’Chorale Consdorf invitéiert och regelméisseg op kierchlech a weltlech Concerten.

2009 huet de Roby Schiltz den Dirigenteposten iwwerholl an ass Nofolger gi vum Jemp Origer, deen 28 Jar laang de Veräin musikalesch geleet huet.

Zënter dem 1. Mee 2013 prouwen d’Choralle vu Bäertref a vu Konsdref zesummen, ënnert de Leedung vum Roby Schiltz an déi Zesummenaarbecht huet sech scho bezuelt gemaach.

Vill weider Informatiounen am Wuert an am Bild iwwer d’Chorale Sainte Cécile Consdorf fannt dir an der Brochure, déi am Kader vum Centenaire erauskomm ass. Redigéiert gouf dës Festschrëft haaptsächlech vum Jemp Origer.

Dir kënnt d’Brochure bestellen iwwer den Telefon 79 01 43 (Weis) oder iwwer Mail: **Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!**

Selbstverständlech sinn och ëmmer nei Membere wëllkomm. D’Prouwen sinn donneschdes vun 20 bis 22 Auer. Avis aux amateurs. Mir freeën is.

De Comité vun der Chorale Consdorf


**Joomla!-Debug-Konsole**

**Sitzung**

**Profil zum Laufzeitverhalten**

**Speichernutzung**

**Datenbankabfragen**

**Fehler in den Sprachdateien analysieren**

**Geladene Sprachdateien**

**Nicht übersetzte Sprachstrings**