Langues / Sprachen

ANTUNNIUSKIERMES ZU BÄERTREF

Et war nees Antunniuskiermes zu Bäertref

Sonndeg, 20.01.2019

Wéi all Jar gouf d’Antunniuskiermes agelaut mat enger feierlecher Mass am Kulturzenter „A SCHMADDS“, zelebréiert vum Här Paschtouer Carlo Morbach a musikalesch verschéinert vun der Chorale Bauschelt-Baschelt, ënnert der Leedung vum Här Jean Wio.

Duerno huet d’Chorale Berdorf-Consdorf op de kulinareschen Deel agelueden. Och dëst Jar waren erëm vill Leit ugemellt, fir eis lëtzebuerger Spezialitéite vum Schwäin (Träip, Judd an Ham) ze genéissen. Mir soen all deene Leit villmools Merci fir hiren alljärlechen treie Besuch.

Bäi dëser Geleeënheet konnt de Bäertref-Konsdrefer Gesank der Associatioun ALAN e Scheck vun 2.000 € iwwerreechen. Dat ass den opgeronnte Betrag vum Erléis vun 2 Chrëschtconcerten 2018 zu Berbuerg an zu Präitler. Den Här Fons Ansay huet als Vertrieder vun ALAN dee Scheck dankbar entgéint geholl. ALAN ass eng Asbl, déi zu Lëtzebuerg haaptsächlech Leit hëlleft an enkadréiert, déi ënnert enger rarer Krankheet leiden. D’EU definéiert eng Krankheet als selten, wa manner wéi 5 op 10 000 Awunner an der EU betraff sinn.

Antunniuskiermes2019

 

 

**Joomla!-Debug-Konsole**

**Sitzung**

**Profil zum Laufzeitverhalten**

**Speichernutzung**

**Datenbankabfragen**

**Fehler in den Sprachdateien analysieren**

**Geladene Sprachdateien**

**Nicht übersetzte Sprachstrings**