Langues / Sprachen

D’Chorale Berdorf - Consdorf

Wien ass d’Chorale Berdorf-Consdorf ?

All Chouer am Land klot, datt et u Nowues feelt. Sech all Woch regelméisseg ze engagéieren fir an d’Prouf ze goen, dat wëlle vill Leit net méi op sech huelen. Besonnesch d’Jugend a jonk Leit kritt een nach selen oder guer net fir de Chouergesang begeeschtert. D’Offer un Distraktioun an hirer Fräizäit ass enorm an an hiren Aë vill méi attraktiv.

Och d’Chorale Sainte Cécile vu Consdorf an d’Chorale Mixte vu Berdorf gi vun dësem Phänomen net verschount. Besonnesch an de Männerstëmmen ass d’Situatioun alarmant. Duerfir hunn déi 2 Gesangveräiner, ënnert der Initiativ vun hirem gemeinsamen Dirigent Roby Schiltz, am Jar 2013 decidéiert, zesummen ze schaffen, zesummen ze prouwen, zesummen opzetrieden an natierlech zesummen ze feieren an dat ënnert dem Numm: „Chorale Berdorf-Consdorf“. All Veräin besteet nach fir sech, mat eegene Statuten, eegenem  Comité an eegener Kees. Vu Fusioun ka momentan (nach) net geschwat ginn.

Eise gesangleche Repertoire besteet aus kierchlechen a weltlechen Kompositiounen. Ganz Jar iwwer gestalte mir gesanglech déi feierlech Massen op Chrëschtdag an Ouschterdag, mir sangen Hochzäits- a Begriefnesmassen, kierchleche Concerten a soss Feierlechkeeten an der Kierch.

Awer och um weltleche Plang ass d’Chorale Berdorf-Consdorf ganz aktiv. Sief dat mat Concerten am Centre Kuerzwénkel zu Konsdref, am Centre „A Schmadds“ oder am Amphitheater Breechkaul zu Bäertref. Och Optrëtter ausserhalb vun de Gemengegrenze sti bäi Geleeënheet um Programm.

D’Freed um Sange gëtt grouss geschriwwen a Frëndschaft an eng gutt Ambiance sinn d’Viraussetzung fir eng wäertvoll Aarbecht. Garant fir déi Athmosphär an déi gutt Stëmmung am Veräin ass éisen Dirigent, de Roby Schiltz. Säin Asaz a säin Optimismus sinn ustiechend an hie weess mat senge musikalesche Kompetenzen ze iwwerzeegen an ze begeeschteren.

Fir bäi der Chorale Berdorf-Konsdref matzesangen brauch ee keng musikalesch Ausbildung a keng Noutekenntnisser. Déi wichtegst Viraussetzung ass d’Freed um Sangen a bereet se sinn, sech een Owend an der Woch 2 Stonne fräizemaachen. De Proufdag ass ëmmer donneschdes vun 20 bis 22 Auer entweder zu Konsdref am Veräinssall bäi der Post oder zu Bäertref am Centre „A Schmadds“. Wa Regësterprouwen ugesot sinn oder just virun engem Concert kann och mol d’Prouf op engem Dënsdeg leien.

Sollt Dir elo op de Goût komm sinn an Dir wëllt an enger flotter Equipe matmaachen, dann huelt einfach Kontakt mat is op oder kommt einfach op ee vun éisen Optrëtter a schwätzt mat is.

Roby Schiltz  Dirigent   **Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.**  
Emile Weis  Präsident Consdorf 
**Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.**  
Paul Schilt Präsident Berdorf **Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.**
  

Myriam Nockels  Sekretärin Consdorf 
**Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.**

Josiane Spaus   Sekretärin Berdorf **Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.**

 

 

**Console de débogage Joomla!**

**Session**

**Profil d'information**

**Occupation de la mémoire**

**Requêtes de base de données**

**Erreurs d'analyse dans les fichiers de langue**

**Fichiers de langue chargés**

**Chaînes non traduites**