Langues / Sprachen

Concert Spirituel

 

10 Jar Chorale Berdorf-Consdorf

En aussergewéinleche Concert zu Konsdref

2013 hunn d'Chorale vu Konsdref an d'Chorale vu Bäertref decidéiert, fir zesummen ze prouwen an ze sangen an dat ënnert der Leedung vum Roby Schiltz. Niewend den normale kierchlechen a weltleche Engagementer am Laf vun de Jaren hu mir an dëser Zäit vill flott an ambitiéis Projeten realiséiert a matgestallt. Fir dësen 10. Anniversaire ze feieren hu mir viru kuerzem en aussergewéinleche Concert op d'Bee gesallt. 

Den Haaptophänker war d'Kréinungsmass KV317 vum W.A.Mozart. Virun enger quasi bis op déi lescht Plaz gefëllter Konsdrefer Kierch goufen weider Wierker aus der Fieder vum Mozart gesongen wéi de Laudate Dominum KV427 fir Alt Solo. Ausserdeem stungen de Psalm 150 vun César Franck an de Cantique de Jean Racine vum Gabriel Fauré um Programm. Begleet gouf de Chouer, ënnerstëtzt vum Ensemble Ambitus, vum Orchester Estro Arminico ënner der Leedung vum Guy Goethals. Opgewäert gouf de Concert vun de Solisten Evelyn Czesla (Sopran), Manou Walesch (Alt), Marc Dostert (Tenor) an Nico Wouterse (Bass). Op der nei restauréierter  Konsdrefer Uergel huet de Jos Majerus säi grousst kënnen ënner Beweis gestallt. Laangen Applaus a vill Luef nom Concert hunn alle Bedeelegten vill Freed gemaach.

Ofschléissend huet d'Chorale Berdorf-Consdorf op e Patt an de Centre Kuerzwénkel invitéiert fir en impressionanten Owend gemittlech auskléngen ze loossen.

En zweete Concert am Kader vun 10 Jar Chorale Berdorf-Consdorf ass am Dezember an der Kierch zu Bäertref virgesinn.

**Console de débogage Joomla!**

**Session**

**Profil d'information**

**Occupation de la mémoire**

**Requêtes de base de données**

**Erreurs d'analyse dans les fichiers de langue**

**Fichiers de langue chargés**

**Chaînes non traduites**